Vakanzebetter
Päiperléck Aides et Soins à Domicile bitt Iech Vakanzebetter, déi et Iech erméiglechen, fir eng bestëmmten Zäit encadréiert ze ginn.
Dës Offer ass fir folgend Persoune geduecht:
-
Familljen, déi eng ofhängeg Persoun encadréieren a sech Vakanz oder Erhuelung gënne wëllen
-
Persounen, déi no enger Operatioun/Reeducatioun net eleng doheem wëlle sinn
-
Senioren, déi op Hëllef ugewise sinn an d'Liewen am CIPA / Betreite Wunne kenneléiere wëllen
D'Clientë vun de Vakanzebetter profitéiere vun all de Servicer a Leeschtungen vum Etablissement: Iessen, Aktivitéiten an Animatiounen, Ausflich,Fleeg, ...
Zanter dem Mäerz 2017
An Zesummenaarbecht mam
Romantik Hotel Bel-Air Sport & Wellness zu Iechternach
De Romantik Hotel Bel-Air Sport & Wellness bitt eng 18 Vakanzebetter an exklusiver Zesummenaarbecht mat Päiperléck Aides et Soins à Domicile un.
Dir profitéiert vun deene selwechte Servicer a Leeschtungen déi an eise Senioreresidencen ugebuede ginn an hutt Zougang zu der Schwämm an dem Wellnessberäich. All d'Zëmmeren sinn adaptéiert an fleegegerecht ageriicht.





Fir zousätzlech Informatiounen, kënnt Dir folgend Persoun kontaktéieren:
Mme Audrey Cornelles
Tel: + 352 26 65 86 - 652
E-mail: Audrey.cornelles@paiperleck.lu



