En Nuetsservice, dee 24/24 a 7/7 fonctionnéiert, fir deene Leit, déi Dag an Nuecht Ënnerstëtzung brauchen, eng besser Liewensqualitéit erméiglecht.

Dëse Service bitt:

  • Ënnerstëtzung bei de Grondbedierfnesser a Gestë vum Alldag

  • Erklärungen zu den administrativen Demarchë vun der Palliativfleeg

  • Respekt vun de perséinleche Wënsch a Bedierfnesser vum Patient a vun der Famill

  • Direkte Kontakt mat den zoustännegen Dokteren

  • Reduzéierung vun der Péng an anere Symptomer

  • Behandlung mat oder ouni Medikamenter an Iwwerwaache vun de Krankheetssymptomer a vum Traitement

  • Erhale vum Wuelbefanne vum Patient duerch komplementar Methoden

  • Abezéie vu psychologeschen a spirituellen Aspekter beim Stierfprozess

  • Ënnerstëtzung vum Patient, fir him en normaalt Liewen ze erméiglechen

  • Ënnerstëtzung vun der Famill während der Krankheets- a Stierfphas 

Fir zousätzlech Informatiounen kontaktéiert eise:

« Nuets Päiperléck »

um 28 800 300 oder bei Päiperléck um  26 65 86 

Mme Laura Defloraine

Chargée Nuets Päiperléck

Depliant "Nuets Päiperléck"

Päiperléck S.à r.l.

Bureau Administratif / Verwaltungsbüro:     19, Op Tomm      L-5485 WORMELDANGE-HAUT      Tel: +352 26 65 86