Fleegeversécherung

Assurance Dépendance

Wat ass d'Fleegeversécherung?

D'Fleegeversécherung ass eng Branche vun der obligatorescher Sozialversécherung, déi d'Käschte vun der Hëllef a Fleeg (no enger Evaluatioun vum Gesondheetszoustand) ofdecke kann.

 

Wien huet Usproch op Prestatioune vun der Fleegeversécherung?

All Persoun, déi bei der CNS affiliéiert ass, huet Usproch op d'Prestatioune vun der Fleegeversécherung, wa se eng reegelméisseg an intensiv Ënnerstëtzung bei de Grondbedierfnesser a Gestë vum Alldag (> 3,5 St./Woch) brauch. D'Akommes an den Alter spille keng Roll.

 

Wat gehéiert zu de Grondbedierfnesser a Gestë vum Alldag?

  • Kierperhygiène: sech wäschen, d'Zänn wäschen, d'Hoer wäschen,d'Haut fleegen, de Baart maachen, d'Neel schneiden.

  • Ernierung: Moolzechte sou virbereeden dat se kënnen direkt opgeholl ginn an Hëllef beim Iessen.​

  • Mobilitéit: opstoen, sech leeën, sech setzen, sech doheem beweegen, an d'Haus an aus dem Haus goen, d'Trappen erop- an erofgoen.

  • Stullgang: op d'Toilette goen.

  • Kleedung: sech un- an ausdoen.

Wat sinn d'Demarchen, fir vun de Prestatioune vun der Fleegeversécherung ze profitéieren?

D'Demande gëtt bei der CNS eragereecht.

Op wat fir Prestatiounen hutt Dir Usproch?

Wann dir eng schrëftlech Bestätegung vun der CNS kritt hutt, kënnt d'Fleegeversécherung fir folgend Leeschtungen op:

  • Hëllef bei der Kierperhygiène

  • Hëllef bei der Ernierung

  • Hëllef bei der Mobilitéit

  • Hëllef beim Stullgang

  • Hëllef beim Undoen

  • Zousätzlech: Hëllef am Stot

Mat eiser Erfarung an eisem Knowhow informéieren an ënnerstëtze mir Iech, Är Famill an Ären Entourage bei allen Demarchen.

Päiperléck këmmert sech fir Iech ëm déi administrativ Demarchen.

Kontaktéiert eis um 26 65 86

Demande CNS_FR

Demande CNS_DE

Fir déi administrativ Demarchë kënnt dir folgend Persoun kontaktéieren:

Mme Audrey Cornelles

Tel: + 352 26 65 86 - 652

E-Mail: Audrey.cornelles@paiperleck.lu

Mme. Audrey Cornelles

Attachée à la Direction - Assurance Dépendance

Päiperléck S.à r.l.

Bureau Administratif / Verwaltungsbüro:     19, Op Tomm      L-5485 WORMELDANGE-HAUT      Tel: +352 26 65 86